Disfruta de 1 año de Premium al 40% de dto ¡Lo quiero!
Craft your balance
Podcast

Craft your balance

4
0

D'Handwierk entwéckelt sech weider. An dozou gehéieren och Sujete wéi d'Sécherheet an d'Wuelbefannen op der Aarbecht. Schliisslech wëllen och Daachdecker*inne séchere Buedem ënnert de Féiss, an d'Elektriker*inne sollten och mol ofschalte kënnen. Wëllkomm bei Craft Your Balance, de Podcast vun der Chambre des Métiers an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

Craft your balance #3 - E gudde Mataarbechter ass en zefriddene Mataarbechter

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Facteuren, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier WELL, dee fir Wuelbefannen, Gesondheet an e gutt Klima op der Aarbecht steet. De Ben Jungers ass Gerant vum Familljebetrib De Buedemleeër. De Marco Schmitz ass Co-Grënner a Gerant vu Wandwerk an Taff. Allen zwee si si sech bewosst, wéi positiv den Impakt vu gudden Aarbechtskonditiounen op den Alldag vun enger Firma ka sinn. Déi zwee Betriber hunn eis erzielt, wat fir Moossnamen si ergraff hunn, fir d'Wuelbefanne vun hire Mataarbechter ze fërderen, wéi si de Succès vun hirer Philosophie moossen, ma och wat déi zwéi um Begrëff "Work-Life-Balance" stéiert.
Personal development 1 year
0
0
1
25:17

Craft your balance #2 - Digitalisatioun an Innovatioun

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vun hirer Campagne "Make. Shape. Create. A Better Place to Work" eng Approche a 5 Sailen ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. An dësem Episod fokusséiere mer eis op de Pilier SHARP : D'Roll vun der Digitalisatioun an der Innovatioun fir de Beräich "Organisatioun am Handwierk". D'Carmen Kieffer ass Responsabel fir de Service eHandwierk bei der Chambre des Métiers. D'Laetitia Magny (Ergonome a Conseillère en prévention) an d'Marie-Flore Simon (Médecin du travail) schaffen am Service de la Santé au Travail de l'Industrie (STI). Si erkläre wat hei d'Chance sinn a firwat et sënnvoll ass déi Transitiounsphase ze ënnerhuelen. De konkreten Impakt gesäit een awer ëmmer nach am beschten um Terrain : De Sebastien Steffes, dee säin Atelier graphique Molotov Design gegrënnt huet, an de Yannick Schuler, deem säi Familljebetrib Bressaglia Serge sech iwwer ville Generatiounen nei erfanne misst, erzielen, wéi nei Tools hir Aarbecht an déi vun hire Mataarbechter vereinfacht a verbessert.
Personal development 2 years
0
0
0
26:00

Craft your balance #1 - Fir ee bessert Handwierk

D'Chambre des Métiers huet sech am Kader vu hirer Campagne Make. Shape. Create. eng Approche a 5 Pilieren ausgeduecht, fir d'Saachen, déi een negativen Impakt op d'Aarbecht vun den Handwierker*innen hunn, ze reduzéieren, an esou d'Sécherheet an d'Wuelbefannen ze steigeren. Mee wéi soll dës Approche genee funktionéieren a wéi eng sinn dës 5 Sailen? De Gilles Walers ass an der Chambre des Métiers zoustänneg fir alles, wat zu de Beräicher Soziales, Aarbecht a Formatioun gehéiert. Am éischten Episod zielt hien eis, wéi et zu dëser Approche komm ass, a wéi si dës an de Betriber wëllen integréieren. D'Clémentine Venck, Directrice vu Cocottes, an de Carl Werner, Gerant vu Coplaning, hunn an hiren Aktivitéite scho vill Moossnamen ënnerholl, fir d'Wuelbefannen an d'Sécherheet vun hire Mataarbechterinnen ze garantéieren. Si erkläre wisou dat wichteg ass – esouwuel fir d'Mataarbechterinnen, wéi och fir d'Entreprise selwer.
Personal development 2 years
0
0
0
26:23

You may also like View more
Los Fulanos En este podcast sin filtro, Jon y Joseba se sientan a hablar con deportistas de todos lados para conocer sus vidas más allá de la competición. ¿Cómo se reinventan los deportistas cuando termina la etapa deportiva? ¿Cómo gestionan sus finanzas? ¿Cómo han lidiado para el alto rendimiento? Todo eso y más en Los Fulanos Updated
INVIVEN Tu podcast para vivir diferente, para comprometerte contigo y formar parte de una tribu: la tribu "INVIVEN". Updated
EMOTION ME por Pedro Vivar Programa enfocado a la mejora de la toma de decisiones. Narraciones, metáforas y relatos de liderazgo a través de la filosofía y los autores clásicos. Conferencias enfocadas al mundo del deporte y la salud, y entrevistas a personalidades del mundo de la empresa. Entrevista semanal en Ivoox y Youtube. Gestiona tus emociones, o tus emociones te gestionarán a ti. Updated
Go to Personal development