¡ÚLTIMAS HORAS! Disfruta todo 1 año de Premium al 45% de dto ¡LO QUIERO!
D'Krunnemécken
Podcast

D'Krunnemécken

16
0

Zwou Krunnemécken, déi interessant Diskussiounen an alldeeglech Themen witzeg opgräifen. Fir all déi, déi 30 Minuten d’Woch ze vill hunn.

Zwou Krunnemécken, déi interessant Diskussiounen an alldeeglech Themen witzeg opgräifen. Fir all déi, déi 30 Minuten d’Woch ze vill hunn.

16
0

#15 - Iwwer Partystemmung

Des Woch bei den “Krunnemécken”: No engem kuerzen Diskurs iwwert den Här Corona, hält den Claude komeschen Exkurs op d'Thema Kokosnëss an hir Validitéit als Veganer-Iessen. Dono erkläert den Mika den Start vun der neier Formel-1 Saison, wat warscheinlech dat sportlechst ass, iwwert dat mer jee schwätzen wäerten.
Fun and entertainment 5 years
0
0
5
32:44

#14 - Tik, Tok, Drama

No engem kuerzen Aussetzer sinn d“Krunnemécken” zeréck mat enger neier Episod vun genau deem Blödsinn, no deem Dier sicht. Den Mika bericht vun sengem Trip an en richtegt Recording-Studio, an mer hunn en Gespréich op extrem héijem Niveau iwwert dat TikTok-Drama, dat d'Land des Woch beweegt huet. D'Amerikaner kréien natierlech och rëm bëssen hier fett wech, as usual.
Fun and entertainment 5 years
0
0
5
25:02

#13 - Bierger falen iwwert Mënschen

An dëser himmlescher Ausgab vun de “Krunnemécken” sinn mer fort vun den seriöen Themen an zréck zu eisem Alldag: Mer schwätzen iwwert Gott an d'Welt, hei an do, Solches an Jenes. An dat ganzt mat engem live-Publikum bei eis am Studio. (Live-Publikum = 1 Lorenzo, eist Studio = dem Claude seng Terrasse)
Fun and entertainment 5 years
0
0
7
34:38

#12 - Fast, Food, Fun

An dëser extrem divisibler Episod vun de “Krunnemécken” gëtt et eng Première: Live-Bestellung an uschléissenden Konsum vun Fast Food. Niewebäi diskutéieren mer en kritescht Thema, dat eis all betrëfft. Zum Schluss, an no enger kuerzer Dissektioun vum Wieder, erënnert den Mika sech un seng Nahtod-Erfarung.
Fun and entertainment 5 years
0
0
5
39:34

#11 - Kontraster

Des Woch gëtt et bei de “Krunnemécken” en bëssen méi seriö. Mer beliichten déi zwou Säiten vun der Amerikanescher Medail, andeems mer en groussen Succès, mee och eng batter Defaite beschwätzen. Béid sinn an der leschter Woch geschitt. D'Emotiounen kachen héisch, vun Staunen bis Roserei. Plus en bëssen Humor, natierlech.
Fun and entertainment 5 years
0
0
7
37:41

#10 - Onerwaart Zesummenhäng

An der Salz-Jubiläums-Episod vun de “Krunnemécken” beliichten är Hosts déi donkel Säit vun der Podcast-Kreatioun, liwweren hier Prediktiounen iwwert d'Oplockerung vun den Quarantän-Mesuren of, an ginn dem Michelin an sengem Stär op en Grond. Zum gudder Lescht ass dann nach héichqualitativen däitschen Asi-TV zum Gespréich, also onbedéngt bis zum Schluss drun bleiwen.
Fun and entertainment 5 years
0
0
5
40:05

#9 - Better Together

An dëser Episod sinn d'“Krunnemécken” endlech erëm (physikalesch) vereent, wat offensichtlech zu nach méi ofschwäifen wéi soss féiert. D'Faarf vun Tennisbäll, d'Flëssegkeet bei den Kelloggs, an den Goût vun Smecta stinn zur Debatt. Mer entschëllegen eis fir d'Audio-Qualitéit, dat hei ass éischt Expeditioun an d'Welt vum Outdoor-Podcasting.
Fun and entertainment 6 years
0
0
5
37:41

#8 - Et Ass Esouwäit

Haut bei de “Krunnemécken” freeë mer eis iwwert eis nei gewonne Fräiheet, wann och zréckhalend. Och d'Form vum Mika sengem Baart ass am Gespréich, an mer eruéieren, firwat dem Jean Asselborn seng Sproochkenntnesser héisch Konscht sinn.
Fun and entertainment 6 years
0
0
5
33:50

#7 - Den Discipulus als Entertainer

An der 4. Primärzuehl-Episod vun de “Krunnemécken” schwäifen mer vum Drénken an der Quarantaine, iwwert eis Capacitéit fir Small-Talk, an op den albekannten Klassen-Clown of. Als Bonus zielt den Mika eis, wei en un engem Radio-Gewënnspill deelgeholl huet, an den Claude wei en ausnamsweis eng positiv Erfarung op Reddit gemaach huet.
Fun and entertainment 6 years
0
0
5
44:42

#6 - De Faule Famulus

Des Woch maachen d“Krunnemécken” d'hallef Dosen voll, andeems se iwwert dem Elon Musk seng Starlink-Satellitten informéieren, d'Motivatioun vun onsen Schüler an Studenten ënnert d'lupp huelen, an en weideren Subreddit beliichten, deen besser am Donkelen bliwwen wär.
Fun and entertainment 6 years
0
0
1
37:22

#5 - D'Falsch Wourecht

An der haiteger, leschter Episod vun de “Krunnemécken“, déi een op enger Hand ofzielen kéint, fënnt den Claude en ganz neien Zäitverdreif fir d'Quarantäne, den Mika erënnert sech un d'Apollo 13 Missioun, an mer präsentéieren déi éischt Ausgab vun den Corona™-News.
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
33:01

#4 - Raym vs. Reim

An dëser Episode vun de “Krunnemécken” begleeden mir Iech op de laange Wee vun der Produktioun vun eisem Kapitel vum Feierstorch, gin praktesch Tipps fir d’Verbesserung vum CV fir d’Astronaute-Carrière an blécken zeréck op eng Kandheet als Gamer.
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
32:32

Special: De Feierstorch - Kapitel 7

Haut gëtt et eng ganz speziell Episod vun de “Krunnemécken”: Mier si vum “Keck!”-Podcast nominéiert gin (Merci dofir un dëser platz!) fir d'Geschicht vum Feierstorch weiderzefeieren. Et ass eng abstrus Story, bei der et vun Hot Sauce op Schloftabletten-Göttinnen geet. Keen Resumé géif deem gerecht gin, also sprangt einfach eran an loosst Äersch iwwerraschen! Mer nominéieren “de Gudden Noper“ als den Podcast, deen des Story soll weiderfeieren.
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
08:29

#3 - Unit One

An dëser Lektioun vun den “Krunnemécken” bréngen de Prof. Dr. med. Mika an den Priv.-Doz. vet. Claude iech d’Mooss-Unitéiten méi no. Zudeem hëlleft eis den Tim Apple mat eisem Podcast, an mir beginn eis zäitweis op den Holzwee.
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
26:31

#2 - Keen Drénken, Keen Spaaß

Am zweeten Outing vun den “Krunnemécken” kämpfen mer em eist Ausgesinn, probéieren an engem Nationalpark ze navigéieren, an zielen Geschichten vun jonk an al. Nostalgie-Gefor!
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
30:29

#1 - Verschidden a spezifesch Themen

An dëser éichter Episode “d’Krunnemécken” thematiséieren mir verschidden a spezifesch Saachen. Vun Standing Desks, iwwer Hack an Bicker, bis ob en aussergewéinlechen Numm ass alles derbäi, fir e gudden Start an d’Podcast-Welt.
Fun and entertainment 6 years
0
0
0
25:11
You may also like View more
Comedy Central Stand-Up Selección de los mejores contenidos de Stand-Up producidos por Comedy Central a lo largo de su historia. Updated
Quieto todo el mundo Miguel Maldonado y Facu Díaz se enfrentan a la tercera temporada de este programa de la mano de su impresora barata, desde la cual van apareciendo las noticias más importantes de la semana para ser comentadas desde la ignorancia, la improvisación y, en ocasiones, la desidia. Updated
Las Noches de Ortega El humor absurdo más inteligente. Juan Carlos Ortega y el podcast más insólito de las noches de la radio. Humor genial que mueve y conmueve. Hecho por uno, pero ejecutado por muchos. De todas las edades, además.?En directo en Cadena Ser los viernes a la 01:30 y a cualquier hora si te suscribes. Updated
Go to Fun and entertainment