Disfruta de todo 1 año de Premium al 25% de dto ¡Lo quiero!

Podcast
Dossier vum Dag
24
0
Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur
Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur
Réckbléck: Chamberwahlen 2018
Episode in
Dossier vum Dag
D'Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng kann no de Chamberwahlen 2018 viru regéieren: dat war fir déi meescht Observateuren eng grouss Iwwerraschung. D'CSV koum - anescht wéi allgemeng erwaart - net zeréck un de Pouvoir.
D'Partei, déi zanter 2013 an der Oppositioun ass, huet de leschte 14. Oktober zwee Sëtz verluer. Fir d'LSAP war et bei de Chamberwahlen souguer e Minus vun dräi Sëtz a fir d'DP e Minus vun engem Sëtz. Haaptgewënner waren déi gréng, mat engem Plus vun dräi Sëtz. Nei an der Chamber ass d'Piratepartei mat zwee Sëtz. D'ADR konnt sech vun dräi op véier Deputéierten an der Chamber verbesseren.
De Serge Kesseler kuckt zeréck op d'Chamberwahlen 2018.
07:12
Esou war d'Joer 2018 an den USA
Episode in
Dossier vum Dag
An dëse leschten Deeg vum Joer 2018 gelt et nach eng Kéier zeréckzekucken op d'Evenementer, déi déi lescht 365 Deeg gepräägt hunn. Iwwer kee Land gouf wuel esou vill geschriwwen, wéi iwwer d'USA an och eise Washington-Korrespondent Philip Crowther hat all Hänn voll ze di fir eis iwwer d'Trump-Regierung ze informéieren.
10:06
Wiederkapriolen 2018 - Ee Réckbléck
Episode in
Dossier vum Dag
An dësem Jores-Réckbléck kucke mir op d'Wiederkonditiounen zeréck, déi zu Lëtzebuerg virun allem tëschent dem Juni an dem August fir vill Chaos a Schued gesuergt hunn. Nieft den Iwwerschwemmungen am Mëllerdall a weideren Deeler vum Land, hunn och déi héich Temperaturen am Summer fir aussergewéinlech Wiederkonditioune gesuergt. De Maurice Antony huet zeréckgekuckt.
04:17
Migratioun 2018 - ee Réckbléck
Episode in
Dossier vum Dag
"Merde alors!" Déi Ausso vum Ausseminister Jean Asselborn op engem Treffen am Summer vun den EU-Aussen- an Immigratiounsminister ass wuel deene meeschten nach an Erënnerung. Viséiert war d'Flüchtlingspolitik vum italieneschen Inneminister Matteo Salvini. D'Thema Migratioun war awer net just op europäeschem, mee och op nationalem Plang dëst Joer erëm op der Dagesuerdnung. Ee Réckbléck vum Françoise Keller.
04:23
Wocheréckbléck: Wat war lass an Europa?
Episode in
Dossier vum Dag
Wat war EU-méisseg lass? Mir kucken zeréck op d'Woch an Europa - wou de Brexit natierlech weider ganz uewe stoung - awer net nëmmen - et ass ee sech och no laange Verhandlungen eens doriwer ginn, verschidde Plastiks-Saachen ze verbidden.
Doriwwer schwätze mir mat eiser EU-Korrepsondentin Danièle Weber.
06:25
Kierchefong: Ee Réckbléck
Episode in
Dossier vum Dag
2018 war en turbulent Joer fir de Lëtzebuerger Bistum wéinst dem neie Kierchefong an dem Ofschafe vun de Kierchefabricken.
05:19
Humanitär Krisen 2018
Episode in
Dossier vum Dag
Et hunn nach ni souvill Leit vun der Hëllef vun ONGe profitéiert, wéi am Joer 2018. Dat seet de Frédéric Haupert, deen zanter 2008 Direkter vun de Hëllefsorganisatioun CARE Lëtzebuerg ass. Duerch déi sëllechen humanitär Krise weltwäit wier d'Aarbecht vun den ONGen ëmmer méi wichteg, géif duerch politesch Entscheedungen awer och dacks behënnert oder ageschränkt ginn, esou den Direkter vu CARE. De Maurice Antony huet sech mam Frédéric Haupert ënnerhalen.
04:11
D'EU preparéiert sech op en No-Deal
Episode in
Dossier vum Dag
Um Sommet Enn där leschter Woch hunn d'EU-Staats- a Regierungcheffen der britescher Premierministerin Theresa May verschidde schrëftlech Assurancë mat heem ginn. Ob dës Declaratiounen awer duerginn, fir datt am Januar effektiv eng Majoritéit zu London fir de Brexit-Accord stëmmt, ass ongewëss.
An der Tëschenzäit lafen ëmmer méi konkret Preparatioune fir en No-Deal - fir de Fall also datt Groussbritannien ouni Accord aus der EU erausgeet. D'Kommissioun wëllt dës Woch ee roude Fuedem fir esou e Zeenario presentéieren.
En Dossier vum Danièle Weber.
05:16
Wéi d'Stad Wien fir bezuelbare Wunnraum suerge well
Episode in
Dossier vum Dag
Héich Wunnkäschte sinn zu Lëtzebuerg e vill diskutéiert Thema. Mee net nëmmen hei am Land: vill Groussstied an Europa si mat klammende Wunnkäschten confrontéiert. D'Léisungsusätz si politesch ganz verschidden. Déi éisträichesch Haaptstad Wien gëllt als e Beispill fir eng gelongen Wunnengsbaupolitik. Mee och hei huet ee mat klammenden Terrainspräisser ze kämpfen. Dofir huet déi rout-gréng Stadregierung zu Wien elo eng déifgräifend Mesure ergraff, déi Spekulatioun op klammend Terrainspräisser entgéinttrieden a Loyeren, déi ee sech leeschte kann, garantéiere soll. Eng Korrespondenz vu Wien vum Stephan Polet.
04:46
Jean Asselborn
Episode in
Dossier vum Dag
Jean Asselborn ass enttäuscht datt eng Partie Länner sech géint den UN-Migratiounspakt ausgeschwat hunn. Niewent der Migratioun reagéiert de Lëtzebuerger Ausseminister am Interview mam Maxi Pesch op déi neiste Brexit-Evolutioun an op d'Attentat gëschter Owend zu Stroossbuerg um Chrëschtmaart.
06:46
Amnesty International Lëtzebuerg
Episode in
Dossier vum Dag
Dëst Joer feiert déi universell Deklaratioun vun de Mënscherechter hire 70. Anniversaire. Grond genuch fir haut - um internationalen Dag vum Mënscherecht - de Bléck op d'Aarbecht vun enger Mënscherechtsorganisatioun ze riichten. De Maurice Antony huet mam Stan Brabant, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg, iwwer d'Aarbecht an den Impakt vun der Organisatioun am Grand-Duché geschwat.
05:07
Politesche Wocheréckbléck
Episode in
Dossier vum Dag
D'Regierung steet, d'CSV ass am Gaange sech ze erneieren an d'Chamber ass nees komplett: Dës Woch ass vill geschitt an der Politik. Wéi si verschidden Entwécklungen ze deiten? Eng Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.
04:29
Problemer bei der Postzoustellung
Episode in
Dossier vum Dag
Den Ament kënnt et zu punktuelle Problemer bei der Ausstellung vu Bréiwer. D'Post-Direktioun erkläert dëst mat de kuerzfristegen Ausfäll beim Personal, déi duerch Congéen oder Krankschreiwungen zustane kommen. D'Bréifdréieschgewerkschaft hëlt méi wäit aus a weist op strukturell Dysfonctionnementer hin, déi duerch eng besser Personalpolitik an Aarbechtskonditioune kéinte gereegelt ginn. De Maurice Antony huet mat de verschiddenen Acteuren geschwat.
04:23
D'Medien am Koalitiounsaccord
Episode in
Dossier vum Dag
De Koalitiounsaccord gesäit vir, datt den Zougang zu Informatioune fir Journaliste soll reforméiert ginn. Eng Mesure, déi d'Journalistegewerkschaft ALJP besonnesch begréisst. Am Interview mam Maxi Pesch reagéiert de President Luc Caregari op den Inhalt vum Koalitiounsaccord, dorënner eng eventuell ëffentlech-rechtlech Tëlee oder nach d'Reform vun der Pressehëllef.
06:31
Weltdag vu Mënsche mat enger Behënnerung
Episode in
Dossier vum Dag
Déi nei blo-rout-gréng Regierung misst op d'mannst déi Inklusiounspolitik weiderféieren, déi déi viregt ugefaangen huet. Dat fuerdert de President vun Info Handicap, Olivier Grüneisen, haut um Weltdag vu Mënsche mat enger Behënnerung.
04:06
D'Woch an Europa - politesche Réckbléck
Episode in
Dossier vum Dag
Brexit - mat bis elo engem Accord op europäescher Säit, een Diesel-Sommet, deen um Enn kee war, eng nach e bësse vag Strategie fir de Klimaschutz a vill Diskussioune ronderëm eng digital Steier, déi nach net fir muer ass.
D'100,7-EU-Korrespondentin an der belscher Haapstad, d'Danièle Weber, seet, wat dës Woch op der europäescher Tribün lass war a kuckt zeréck op déi politesch Woch an Europa.
07:36
Quo vadis Lëtzebuerger Landwirtschaft?
Episode in
Dossier vum Dag
Dëse Méindeg (26.11.) goufen op dem 18. Buchstellentag zu Mäerzeg déi offiziell Resultater vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg fir d'Joer 2017 virgestallt. Aus dem Rapport vum Landwirtschaftsministère geet ervir, datt sech d'Situatioun vun de Baueren a Wënzer am Land par Rapport zu de Jore virdru verbessert huet. Fir och an Zukunft positiv Zuelen ze generéieren, muss de Secteur eng gewësse Wäitsiicht matbréngen. De Maurice Antony mat weideren Detailer.
04:12
Brexit: E Gespréich mam Charel Goerens
Episode in
Dossier vum Dag
De Charel Goerens hält et fir ganz onwahrscheinlech, datt dat britescht Parlament géint de Brexit-Accord stëmmt, deen e Sonndeg vun de 27 EU-Memberstaaten ugeholl gouf. Domat géif Groussbritannie sech ugräifbar maachen, als Land dat net zu sengen Engagementer steet. Dat wier keng gutt Ausgangsbasis fir zukünfteg Relatioune mat anere Staaten ze verhandelen. De liberalen EU-Deputéierte elaboréiert seng Aschätzung vun den nächsten Erausfuerderungen am Interview mam Fanny Kinsch.
07:31
Orange Week: D'Gewalt géint Frae stoppen
Episode in
Dossier vum Dag
38 Prozent vun de Fraen zu Lëtzebuerg ware scho mol Affer vu sexueller Gewalt. Wou geschéien d'Delikter? Wie sinn déi Fraen a wéi wichteg ass d'Preventioun? Am Kader vun der Orange Week huet d'Maxi Pesch mam Prof. Dr. Claus Vögele, Professer fir klinesch Psychologie a Gesondheetspsycholog op der Uni Lëtzebuerg, geschwat.
05:38
25 Joer Immigratiounspolitik
Episode in
Dossier vum Dag
Bannent 25 Joer gouf et zu Lëtzebuerg een aussergewéinlechen Zouwuess vun der gesamter Populatioun. De Grand-Duché huet sech nei Gesetzer an Instrumenter gi fir d'Integratioun ze fërderen. D'Carole Schimmer huet déi gréisste Reformen aus de leschte 25 Joer am Beräich Immigratioun an Integratiounspolitik beliicht.
08:00
You may also like View more
La Voz de César Vidal
Si buscas información sin filtros, análisis profundo y el mejor contenido sobre actualidad política, económica y cultural, La Voz de César Vidal es tu programa.
📌 Cada día, contenidos exclusivos:
✅ El Editorial de César Vidal: El momento más esperado del programa. Considerado en su día como el mejor instante de la radio española, sigue siendo hoy más vigente y candente que nunca. No hay mejor análisis político y social en ningún otro medio en español.
✅ Las Noticias del Día: El mejor boletín de noticias con la información que otros medios silencian, el análisis sin concesiones de César Vidal y la rigurosa información de María Durán.
✅ Despegamos con Lorenzo Ramírez – Todos los días el mejor análisis de economía y geopolítica mundial.
✅ Lunes: Así fue España, la mejor serie sobre la historia de España jamás emitida, con César Vidal y Lorenzo Ramírez. Además, mejora tu dominio del idioma con Palabras al Aire junto a Sagrario Fernández Prieto.
✅ Martes: Repaso sin concesiones a la economía en La Economía que se fue con el incomparable Roberto Centeno.
✅ Miércoles: Salud física en Vida Sana con Elena Kalinnikova y salud mental en La Psicoteca con Miguel Ángel Alcarria.
✅ Jueves: Descubre lo mejor de la literatura en La Biblioteca con Sagrario Fernández Prieto y acompaña a César Vidal en El Punto Nemo, donde cada semana hacemos desaparecer a los indeseables de nuestra sociedad.
✅ Viernes: Candilejas: La entrevista más esperada de la semana con una eminencia del mundo de la música, el teatro, el arte, la política o la sociedad. Solo César Vidal sabe hacer entrevistas así.
💡 No hay otro programa igual en ningún medio en español.
📺 Disfruta del programa en https://www.cesarvidal.tv con antelación respecto a su publicación en el resto de plataformas y sin publicidad. Updated
Herrera en COPE
Herrera en COPE es un programa de radio que informa y entretiene: Carlos Herrera cuenta noticias y hace entrevistas a personajes de la actualidad. De 6H a 13H, de lunes a viernes, en directo, también con Alberto Herrera, Jorge Bustos, Antonio Naranjo o Javier Sierra. Updated



