iVoox
iVoox Podcast & radio
Download app for free
¡ÚLTIMAS HORAS! Disfruta 1 año de Plus al 45% de dto ¡Lo quiero!
Minett Mash-Up: De Podcast
Podcast

Minett Mash-Up: De Podcast

40
0

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

Minett Mash-up – de Podcast, deen iech mat op d’Rees hëlt! All Mount invitéiere mir interessant Gäscht aus ganz ënnerschiddleche Beräicher an entdecke mat hinne spannend Plazen am Süde vum Land. Léiert mat eis déi eenzegaarteg Natur, historesch Sitten a kreativ Initiativen aus der Regioun kennen. Är Hosts: Yann Logelin vun der Minett UNESCO Biosphere, Anna Monaco / Maria Spada / Loréna Jarosz vum IK-CNCI (Industriekultur – Centre national de la culture industrielle), Marieke Jarvis vum MUAR (Musée vun der Aarbecht). Musek: Ragner (https://linktr.ee/ragnerdub).

40
0

Episode 41: Henri Haine & Elvedin Muhovis X Rëmeleng

Kontaktéiert eis Am neisten Episod vum "Minett Mash-Up" Podcast entféiere mir Iech an déi flächeméisseg klengst Gemeng vun der Minett Biosphär, op Rëmeleng. An dësem Episod, deen de Buergermeeschter, Henri Haine, an den éischte Schäffen, Elvedin Muhovic, zesummebréngt, kënnt Dir Iech op spannend Ablécker an d'Kultur, d'Politik an d'Zukunft vun dëser klenger Stad freeën, déi duerch d’Eisenindustrie um Enn vum 19. Joerhonnert zu deem ginn ass, wat se ass. Maacht Iech prett fir en Episod voller interessanter Momenter, direkt aus dem Häerz vum Minett. Eis “Minett-Location vum Mount”: Spektrum Dës Kéier hu mir am "Spektrum" opgeholl, dem fréieren Haus vum bekannte Lëtzebuerger Sculpteur Albert Hames. Dëse gebiertege Rëmelenger, dee bis zu sengem Doud am Joer 1989 hei geschafft huet, huet Wierker hannerlooss, déi wäit iwwer d'Grenze vu senger Heemechtsstad eraus bekannt sinn, wéi zum Beispill säi Monument an der Stater Gare. Am Podcast gi mir der Fro no, wéi eng Spueren den Albert Hames soss nach zu Rëmeleng hannerlooss huet.  Fir Esch2022 gouf d'Haus an en immersive Kulturzentrum transforméiert, an deem och d'Ofschlossfeier fir d’Partner a Sponsore vum Kulturjoer stattfonnt huet. Mir froen de Buergermeeschter, wéi eng Roll dëse besonnesche Projet an der Zukunft vu Rëmeleng spille soll a wéi déi aktuell Visioun fir de "Spektrum" ausgesäit. Eis Gäscht: Henri Haine & Elvedin Muhovic Doriwwer eraus léiere mir eis zwee Gäscht besser kennen. Den Henri Haine, deen elo zënter 14 Joer Buergermeeschter vun der klenger Stad ass, verréit eis, wat säi gréisste Challenge an där Zäit war.  Den Elvedin Muhovic, deen 2023 direkt op déi zweet Plaz gewielt gouf an domat éischte Schäffe ginn ass, erzielt eis vu sengem Sprong an d'Politik a senger Motivatioun als jonke Politiker. Besonnesch interessant ass et, ze héieren, wéi déi zwou Generatiounen zesummeschaffen, fir d'Zukunft vu Rëmeleng ze gestalten.  Aner Sujete sinn d'Industriekultur an den eelste Kino vum Land. Mir schwätzen iwwer de bekannte Musée des Mines, a wéi d'Gemeng d'Erënnerung un d‘Zäit vum Biergbau un déi jonk Generatioune weidergëtt a spadséiere virtuell duerch ee vun de raren Arboretumer vum Land an deem eng geologesch Iwwerraschung op d’Visiteure waart. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 month
0
0
0
52:33

Episod 40: Jean-Marie Halsdorf & Guy Brecht X Péiteng

Kontaktéiert eis De 40. Episod vum Minett Mash-Up Podcast hëlt eis fir déi drëtte Kéier an dësem Joer mat an de Kordall. Mer maache Statioun zu Péiteng, eng Gemeng, déi op iwwer 2000 Joer houfreg Geschicht zeréckkucke kann an déi duerch hir Diversitéit am Minett erausstécht Nieft Käerjeng ass Péiteng och déi eenzeg Gemeng an der Minett UNESCO Biosphere, déi eng Grenz mat der Belsch huet. An dësem Episod geet et awer net just ëm d’Gemeng, mä mir léieren och de „Wandjang“ kennen, deen de Péitenger esou vill bedeit, datt se him en Denkmal gebaut hunn.   Eis "Minett Location" vum Mount: D’Péitenger Gemengenhaus Dëse Mount hu mir eis am Häerz vun der Gemeng Péiteng mat eise Gäscht getraff. D’Gebei, wat an der zweeter Halschent vun den 1930er gebaut an Uganks den 2000er Jore vergréissert huet, ass déi Plaz op där d’Häaerz vun der Gemeng Péiteng schléit. Geleeën op der John F. Kennedy Plaz, huet déi aktuell Péitenger Gemeng d‘Nothombsschlass ersat, wat tëscht 1908 a 1935 de Sëtz vun der Gemengenadministratioun war.   Eis Gäscht - Jean-Marie Halsdorf a Guy Brecht Den aktuelle Péitenger Buergermeeschter Jean-Marie Halsdorf an de Schäffe Guy Brecht, deen och Member an Bureau vum Gemengesyndikat PRO-SUD ass, wat jo d’Minett UNESCO Biosphere geréiert, hunn dëse Mount mat eis geschwat. De Jean-Marie Halsdorf kann op eng laang an erfollegräich Karriär als Politiker zeréckkucken. Nieft senger Funktioun als Buergermeeschter vun der fënneftgréisster Gemeng vum Land war hien, ënnert anerem Innen- a Landesplanungsminister. Hien deelt mat eis seng Andréck vun der Gemeng Péiteng, hirer dynamescher Entwécklung an d’Bedeitung vun der Industriekultur, déi e Kär vun hirer Identitéit ass.  De Guy Brecht, deen berufflech bei der Eisebunn aktiv war, ass 2023 Schäffe vun der Gemeng Péiteng ginn. Do virdrunner war de Rodanger 23 Joer laang Gemengeconseiller. Mat him hu mer notamment iwwert d’Roll vun de restauréierte Millen um Territoire vu senger Gemeng geschwat. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 2 months
0
0
0
46:24

Episod 38: Jean Weiler X Käl

Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up geet et eis Rees bei d’Decideuren aus den 11 Gemeng vun der Minett UNESCO Biosphere virun. Mat der Gemeng Käl-Téiteng maache mer schonn an der 6. Gemeng vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat Statioun. An och wa weder Käl nach Téiteng eng Schmelz haten, ass d’Gemeng laanscht d’Kälbaach enk mat der Industriegeschicht vu fréier an eisem natierleche Räichtum vun haut verbonnen. Et gëtt also genuch spannend Themen a Geschichten iwwert déi mer eis, matten an engem Park, mat Käler Buergermeeschter ënnerhale konnten. Eis „Minett-Location” vum Mount: De Park Ouerbett Rendez-vous fir dësen Episod vum Minett Mash-Up opzehuelen hate mer am Park Ouerbett. Dës gréng Long am Zentrum vu Käl ass am Joer 2010 opgaangen a war 2011 souguer Finalist fir de Lëtzebuerger Architekturpräis. Et ass eng Oas vun der Rou fir grouss a kleng, mat enger Spillplaz, Sportsinstallatiounen, déi vun der Bevëlkerung genotzt kënne ginn an engem Pavillon, an deem ganz geschwënn nees e Restaurant opmaachen dierft. Eisen Invité: Jean Weiler De Jean Weiler ass zënter 2022 Buergermeeschter vun der Gemeng Käl-Téiteng. Éier hien seng politesch Funktioun iwwerholl huet, war de Jean Weiler als Enseignant engagéiert. Hien ass, wéi en eis verroden huet, e richtege Käldaller, dee schonn an all den Uertschafte vun dësem Dall gelieft huet. An eisem Gespréich ass riets gaangen iwwert d’Erausfuerderungen a punkto Entwécklung vun enger Gemeng, déi an engem relativ enken Dall, tëscht zwee aussergewéinlechen Naturschutzgebidder läit. An deem Kontext hu mer mam Jean Weiler iwwert de „Plan de développement communal” geschwat an den zukünftege Quartier Käl-Nord. E weidere Sujet war déi lokal Industriegeschicht mat den Infrastrukturen, déi d’Gemeng esouwuel mam Musée Ferrum ewéi doriwwer eraus en place gesat huet. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 4 months
0
0
0
31:38

Episod 37: Michel Wolter & Yves Cruchten X Museksschoul Käerjeng

Kontaktéiert eis An dësem Episod vum Minett Mash-Up begéine mir zwee weidere Gemengepolitiker aus enger vun der Gemenge vum Lëtzebuerger Biosphärereservat. Dës Kéier si mer an der Gemeng Käerjeng an ënnerhalen eis mam Michel Wolter a mam Yves Cruchten. En dësem Episod vum Minetter Wanderpodcast geet et mat den zwee Politiker ëm hir Erfarungen an der nationaler a lokaler Politik, d'Industriekultur vun hirer Gemeng, e méigleche Béiermusée an d'Erausfuerderunge vun der Zukunft. Location vum Mount: Käerjenger Museksschoul D'Käerjenger Gemeng ass mat 34 km² déi gréisste Gemeng vun der Minett Biosphere. Als eenzeg Gemeng aus dem Kanton Capellen déi zur Biosphär gehéiert, huet se eng besonnesch Positioun. Am Moment ass d'Gemeng an engem Provisorium ënnerbruecht, well d'Gemeng en neit Gemengenhaus kritt, wat dat aalt aus den 1960er Joren ersetze wäert, sinn d’Bureau op déi al Spillschoul, d’Gemengenatelieren an d’Käerjenger Museksschoul verdeelt ginn. Dat nei Gebai ass awer e Sujet, well et dat éischt Gebai vun enger ëffentlecher Verwaltung zu Lëtzebuerg soll sinn, wat komplett ouni externen Heizsystem funktionéiere soll. Eis Gäscht: Michel Wolter & Yves Cruchten De Michel Wolter, fréiere Minister, laangjärege Parlamentarier a säit 15 Joer Buergermeeschter vu Käerjeng, ass mat sengen iwwer 40 Joren Erfarung en alen Hues an der Politik, deen awer nach ëmmer Spaass u sengen Aufgaben huet a speziell u sengem Job als Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Käerjeng, déi aus de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg ervirgaang ass. Den Yves Cruchten ass zënter de leschte Gemengewale Schäffen zu Käerjeng a Member am Comité vum Gemengesyndikat PRO-SUD, dee fir d’Gestioun vun der Minett Biosphere zoustänneg ass. Hien ass Deputéierten an der Chamber an aktive Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot zu Stroossbuerg. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 5 months
0
0
0
40:56

Episod 36: Christian Weis X Esch-Uelzecht

Kontaktéiert eis Am 36. Episod vun eisem Minett Mash-Up begéine mir dem Christian Weis an der historescher Brillschoul zu Esch-Uelzecht. Dëst Gespréich bréngt spannend Abléck an d'Zukunft vun Esch an d'Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Den Episod weist Esch als eng Stad am Wandel, déi hir industriell Vergaangenheet mat enger innovativer Zukunft verbënnt. Eis „Minett-Location“ vum Mount: D'Brillschoul D'Brillschoul ass e Monument vun der Escher Bildungsgeschicht. 1911 opgemaach, steet dëst imposant Gebai als Symbol fir d'Entwécklung vun der Stad Esch. Mat senger charakteristescher Architektur aus der Belle Époque ass d'Brillschoul net nëmmen dat eelst a gréisst Primärschoulgebai vun Esch, mee och e wichtegt Zäitzeie vun der lokaler Geschicht. D'Schoul läit zentral tëschent dem Resistenzmusée, dem Theater an dem Ariston, direkt bei der Uelzechtstrooss am Häerz vum Quartier Brill. Iwwer Generatioune goufen hei Kanner aus alle soziale Schichten ausgebilt, wat d'Schoul fir vill Escher zu engem Symbol vun hirer Stad mécht. Haut ass d'Brillschoul nach ëmmer e liewegen Deel vum Escher Bildungssystem. D'Gebai gouf iwwer d'Jore moderniséiert, awer den historesche Charakter gouf erhalen. D'Kombinatioun vun Traditioun an Innovatioun mécht d'Brillschoul zu enger idealer Plaz fir iwwer d'Zukunft vun Esch an eiser ganzer Regioun ze schwätzen. Eise Gaascht: Christian Weis De Christian Weis representéiert eng nei Generatioun vu Politiker am Süde vum Land. Als Buergermeeschter vun Esch an als President vum Gemengesyndikat PRO-SUD kombinéiert hien zwou wichteg Funktiounen. Als fréiere Schäffen a säit annerhallwem Joer Buergermeeschter vun der zweetgréisster Stad am Land, bréngt hien eng kloer Visioun fir d'Zukunft vun Esch mat. Trotz sengem jonken Alter huet hien sech schonn en Numm gemaach, och an der nationaler Politik. An eisem Gespréich goung et awer net just ëm seng politesch Aarbecht, mee mir hunn och eng iwwert eng méi perséinlech Säit mam Christian Weis geschwat: seng Passioun fir d'Baken an d'Pâtisserie.  Als President vum PRO-SUD ass hien och eng Schlësselfigur an der Entwécklung vun der Minett UNESCO Biosphere. Ënner senger Leedung gëtt probéiert, den industriellt Ierwe vun der Regioun mat enger nohalteger Zukunft ze verbannen. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 6 months
0
0
0
55:50

Episod 35: Dan Biancalana X Diddeleng

Kontaktéiert eis Dës Kéier féiert eis de Podcast "Minett Mash-Up" an d'Stad Diddeleng, wou mer en interessanten Austausch mam Député-Maire Dan Biancalana haten. Hien huet eis als Comitésmember vum Syndicat PRO-SUD empfaangen an zesumme mat eisem Gaascht si mir op eng Entdeckungsrees duerch dës dynamesch Südgemeng gaangen. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Mémorial Porte d'Italie Eise Rendez-vous war beim Mémorial „Porte d'Italie“, eng Skulptur vun der Kënschtlerin Yvette Gastauer-Claire aus dem Joer 2007. Dëst Monument steet als Symbol fir déi éischt italieenesch Aarbechter, déi Enn vum 19. Joerhonnert op Diddeleng komm sinn, fir an der Eisenindustrie ze schaffen. D'Plaz läit um Hiwwel vum Quartier Italien, iwwer der Stad Diddeleng, a bitt e wonnerschéinen Ausbléck op déi fréier Diddelenger Schmelz, de Floater, den CNA an eriwwer op de Ginzebierg, mam Sendemast vun RTL. Eise Gaascht: Dan Biancalana Den Dan Biancalana, dee selwer italieenesch Wuerzelen huet, ass zënter iwwer 10 Joer Buergermeeschter vun Diddeleng. Als Deputéierten an der Chamber a Co-Präsident vun der LSAP ass hien e wichtege politeschen Acteur am Land. An eisem Gespréich hu mer mat him iwwert déi rezent Erneierung vum Diddelenger Duerfkär, iwwert den zukünftege Quartier „Neischmelz“ an "Sustainable Urban Mobility Plan" geschwat. Weider Sujete war den nationale Konschtarchiv, deen zu Diddeleng geplangt ass, d’Natur- an Noerhuelungsgebidder ronderëm Diddeleng an déi sëlleg Bongerten, déi an der Stad un der franséischer Grenz am urbane Raum gëtt. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 7 months
0
0
0
40:32

Episode 34: Guy Altmeisch & Erny Muller X Déifferdeng

Kontaktéiert eis Fir eise Februar-Podcast maache mer Statioun an der Gemeng Déifferdeng. Déifferdeng ass no Esch-Ulzecht déi zweetgréisst Gemeng vum Syndicat PRO-SUD a stellt zënter de Gemengewale vun 2023 de Vize-President vum Gemengesyndikat, dee fir d’Verwaltung vum eenzege Lëtzebuerger Biosphärereservat zoustänneg ass. Déifferdeng, eng Stad, déi nach ëmmer eng aktiv Schmelz huet, huet, nieft zwou vun de sechs Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere, e groussen Industriepatrimoine opweises an ass Member vun europäesche Programm vun den „Net Zero Cities“, iwwert dee mer och an dësem Episod vum Minett Mash-Up schwätzen. Eis „Minett-Location“ vum Mount: D’Kabaischen zu Lasauvage Ee vun den éischte Projeten, déi nach wärend der Kandidatur vum Lëtzebuerger Süden, fir UNESCO-Biosphär ze ginn, lancéiert gouf, war de Projet vum Minett Trail a senge Kabaisercher. Mat der Kreatioun vum Biosphärereservat ass en 90 Kilometer laange Wanderwee duerch déi 11 Südgemengen entstanen an all Gemeng huet ee Gîte, genannt Kabaischen, amenagéiert, fir esou den nohaltegen Tourismus am Minett unzekuerbelen. Fir den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up si mer zu Lasauvage an de Gîte gaangen. Dëst ass en aalt Haus an deem fréier Mineure gewunnt hunn a wat zu enger Lodge mat 7 Schlofplazen ëmgebaut ginn ass. Besonnesch spektakulär sinn déi zwou Fresken, déi am Kader vun der Transformatioun vun deem alen Haus realiséiert goufen. Eng Fresk weist d’Legend vun der „wëller Fra“, no där d’Duerf Lasauvage benannt ginn ass, an déi aner d’Liewen am Duerf, wat iwwer 100 Joer laang ee vun den Zentre vum Lëtzebuerger Biergbau war. Eis Gäscht: Guy Altmeisch & Erny Muller Fir déi zweet Visit bei de Politiker aus den 11 Gemenge vun der Minett Biosphär hate mer mat Déifferdenger Buergermeeschter Guy Altmeisch a mam PRO-SUD Vizepresident Erny Muller op en Neits zwee Gäscht.  De Guy Altmeisch ass zënter dem Hierscht 2023 Buergermeeschter vun Déifferdeng. Mam fréiere Polizistin hu mer iwwert säi Wee an d’Politik an d’Gemeinsamkeeten tëscht der Aarbecht als Gemengepapp an als Polizist geschwat. E weidere Sujet am Gespréich mam Déifferdenger Buergermeeschter war säi jorelaangen Engagement an der Nowuessaarbecht vum gréisste Fussballsveräin aus senger Gemeng. Mam Erny Muller hu mer iwwert seng iwwer 25 Joer als Lokalpolitiker geschwat. Aner Sujete waren d‘“Net Zero Cities“, seng Aarbecht als Elektroingenieur an der Déifferdenger Schmelz an d’Konzept vum Quartierspark, wat him besonnesch um Häerz läit.  De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 8 months
0
0
0
50:57

Episode 33: Laurent Zeimet & Jean Marie Jans X Bettembourg

Kontaktéiert eis 2025 geet den Tuer duerch déi 11 Gemenge vun der Minett UNESCO Biosphere virun. An dësem Jer begéine mer deenen 11 Buergermeeschteren an de Vertrieder vun all de PRO-SUD-Gemengen am Comité vun eisem Gemengesyndikat, fir mat hinnen iwwert hir Gemeng, hiert industriellt Ierwen, hiren natierleche Patrimoine a villes méi ze schwätzen. An enger neier Rubrik teste mir dëst ganzt Joer och wéi accessibel déi eenzel Plazen, déi eis Gäscht sech erausgesicht hunn, fir de Podcast opzehuelen, mam ëffentlechen Transport sinn. Den Optakt vun eiser Rees queesch duerch d’Minett UNESCO Biosphere ass zu Beetebuerg. Eis „Minett-Location“ vum Mount: D‘Collartsschlass Fir d’Opnam vum 1. Podcast vun der neier Saison hate mer Rendez-vous am fréiere Bureau vum Eugène Collart, engem Entrepreneur an Industriellen, deem senger Famill d’Schlass, wat 1733 gebaut gouf, zënter 1807 gehéiert hat. 1971 ass d’Schlass vun der Famill Collart un d’Gemeng Beetebuerg verkaf ginn, déi, no gréisseren Ëmbauaarbechten, zënter den 1990er hei hir Administratioun ënnerbruecht huet. Eis Gäscht: Laurent Zeimet a Jean Marie Jans Fir den éischten Episod vum Minett Mash-Up an dësem Joer hate mer direkt zwee Gäscht. De Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet an de Schäffen a PRO-SUD-Comitésmember Jean Marie Jans. Mam Laurent Zeimet hu mer iwwert säi Wee an d’Politik, seng berufflech Erfarungen am Journalismus an den Challenge geschwat, wéi een als Député-Maire Politik a Famill ënnert een Hutt ka kréien. De Jean Marie Jans huet mat eis iwwert d’Mobilitéitskonzept vu Beetebuerg geschwat, hien huet eis verrode firwat hien als „richtege“ Beetebuerger zu Klierf op d’Welt komm ass an datt hien all Fréijoer mat Spannung op ee ganz speziellen Awunner vu senger Gemeng waart. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://minett-biosphere.com/lu/projects/mmu-lu/ Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 9 months
0
0
0
40:57

Episode 32: Do Demuth X Ferro Forum

Kontaktéiert eis Eisen, Stol an Natur Fir eise Podcast stoung d’Joer 2024 ganz am Zeeche vum industrielle Patrimoine vun der Groussregioun an der Geschicht vun deene Plazen, déi aus eiser Regioun dat gemaach hunn, wat se haut ass. Fir den Ofschloss vun dëser Rees si mer elo am Dezember op en Industriesite gaangen, deen 2016 definitiv stëllgeluecht gouf an aus deem an den nächste Joerzéngten den neie Quartier Metzeschmelz soll entstoen. De Minett Mash-Up war dëse Mount um Site vun der aler Schmelz Esch-Schëffleng. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Ferro Forum Am Zentralatelier vun der fréierer Schmelz, déi den 10. Oktober 1871 mat der Produktioun vun Eisen an engem éischten Héichuewen um Site ugefaangen hat, ass haut de Ferro Forum doheem. Nodeems am November 2011 d’Produktioun um Site agestallt gouf an en 2016 endgülteg stëllgeluecht gouf, huet de Ferro Forum, deen 2019 gegrënnt ginn ass, hei säin Doheem fonnt. D'Zil vum Ferro Forum ass et de kulturellen, industriellen an handwierkleche Patrimoine, souwéi de Know-how ronderëm d'Produktioun vu Stol an Eisen, z‘erhalen a virun ze ginn. D’Associatioun huet de But fir laangfristeg fir e Schlësselspiller an deem Beräich ze ginn an och eng dreiwend Kraaft am kulturelle Liewen vum Quartier Metzeschmelz no deem senger Transformatioun. Eis Invité: Do Demuth D’Do Demuth ass e richtege Minettsdapp. Si ass zënter der Grënnung vum Ferro Forum aktive Member am Veräin a bekëmmert sech aktuell ëm déi kulturell a strategesch Koordinatioun.  Am Gespréich mat der Schëfflengerin geet et ëm de Ferro Forum als Associatioun, hiren Engagement an hir Zukunft um Site vun der Metzeschmelz. Et geet ëm den Engagement vu Benevolen a Leit, déi sech ewell professionell ëm de Projet këmmere kënnen. Mir hu mat der Innenarchitektin awer och iwwert hiren Job geschwat, iwwert hir Bünekreatiounen am Theater an iwwert de Minett, deen dem Do wierklech um Häerz läit. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 10 months
0
0
0
58:03

Episode 31: Trixi Weis X Kinosch

Kontaktéiert eis Eng Helleg, eng Kënschtlerin, eng Auer a méi Dëse Mount maache mir Statioun an der Escher Kulturfabrik. Et geet an dësem Episod awer net iwwer déi beweegte Geschicht vun der Kulturinstitutioun, déi sech an de leschte 40+1 Joer eng fest Plaz an der kultureller Landschaft vun Esch, der Regioun an dem Land geséchert huet. Et geet vill méi riets iwwert eng Traditioun, déi och iwwer 40 Joer no der Fermeture vun der leschter Minière am Land nach ëmmer, virun allem am Minett gefeiert gëtt: de Bärbelendag. Déi helleg Bärbel ass d'Patréinesch vun de Mineuren, an anere Beruffsstänn, an hiren Dag gëtt all Joer de 4. Dezember gefeiert. An de leschte Joren erliewen d'Bärbelfeieren esouguer eng Zort Renaissance. Virun deem Hannergrond hunn sech och den CNCI an d'Kulturfabrik decidéiert mat engem spezielle Programm de Bärbelendag  an der Kufa ze feieren. Dësen Owend steet am Mëttelpunkt vun eisem Gespréich mam Trixi Weis, wat extra fir de Bärbelendag am alen Escher Schluechthaus eng Bäsrbelstatu kreéiert huet, déi am Kader vun enger Pressessioun de 4. Dezember duerch d'Kulturfabrik wäert gedroe ginn. Eise Gaascht: Trixi Weis D'Trixi Weis, Joergang 1967, ass zënter laange Joren zu Esch doheem. No hirem Studium an der Belsch huet d'Trixi iwwer 10 Joer laang an der Tschechescher Republik gelieft a geschafft, éier d'Kënschtlerin Uganks vun den 2000er Joren nees op Lëtzebuerg komm ass. Hei huet d'Trixi Weis sech séier en Numm gemaach mat hire Konschtinstallatiounen an och mat hire Bünebiller. Bis ewell huet d'Trixi iwwer 40 verschidde Bünebiller fir all d'Theateren a vill aner Kulturhaiser am Land geschaf. Och wann d'Konscht vum Trixi dacks ephemère ass, esou gëtt et Installatioune vun der Kënschtlerin déi permanent sinn an déi all Mënsch hei am Land kennt. Ee Konschtwierk ass d'City-Clock um Kierchbierg, iwwert déi mer natierlech och mat der Kënschtlerin geschwat hunn. Aner Sujete vun dësem Episode vun eisem Wanderpodcast sinn dem Trixi seng Joren zu Prag an natierlech dem Trixi seng Performance fir de Bärbelendag an der Kulturfabrik um Mëttwoch, de 4. Dezember. Eis “Minett-Location” vum Mount: Kinosch D'Kulturfabrik ass e Centre Culturel, deen am ganze 4500m2 grouss ass an an deem et nieft zwee Säll fir Concerten a Veranstaltungen, e Bistro an e Restaurant gëtt. Et gëtt och Proufraim an esouguer e klenge Kino: de Kinosch. Vun 1983 bis 2016 gëtt am Kinosch eng reegelméisseg Programmatioun gewisen an et ass nieft dem Ariston ee vun zwee Kinoen um Gebitt vun der Stad Esch. Zënter 2016 gëtt de Kino just nach sporadesch fir d'Projektioun vu Filmer, mä och fir aner Evenementer genotzt. Wou d'Kulturfabrik nach e Schluechthaus war, war de Kinosch iwwregens déi Plaz wou d'Heizungsanlag vum Schluechthaus ënnerbruecht war. Méi Links zu all den aner Sujeten fannt Dir hei. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 11 months
0
0
0
51:10

Episod 30: Serge Ecker X VeWa Diddeleng

Kontaktéiert eis Participativ Pizzaen an e Kollektiv am Asaz fir seng Stad Op eiser Rees duerch de Minett ass de Minett Mash-Up an dësem Mount emol nees eng Kéier zu Diddeleng. Nodeems mer virun engem Joer scho Statioun hei gemaach haten, fir an eisem Podcast méi iwwert deen neien, nohaltege Quartier „NeiSchmelz“ gewuer ze ginn, si mer zeréck op deem Site. Eis “Minett-Location” vum Mount : De VeWa VeWa steet fir « vestiaire-wagonnage” an ass en Deel vun der aler Diddelenger Schmelz, déi Uganks vum Joerhonnert stëll geluecht gouf. De VeWa ass Deel vum Site NeiSchmelz a wäert, am Kader vun der Transformatioun vun deem fréiere Stolwierk zu engem nohaltegen an neie Quartier vun der Stad Diddeleng, erhale bleiwen. De VeWa ass haut awer och eng Asbl an där eng Rei Diddelenger Associatioune vum DKollektiv iwwert de Fotoclub bis d’Inter-Actions regroupéiert sinn. Si alleguerten deelen sech dat aalt Industriegebai, an deem haut eng Rei Atelieren, Säll a kreativ Ecker hiert Doheem fonnt hunn. Erhalen a renovéiert gouf de VeWa am Kader vu partizipativen Atelieren, wou Biergerinnen a Bierger opgeruff waren de lokalen Associatiounen ze hëllefen Eise Gaascht: De Serge Ecker De Kënschtler Serge Ecker, deen zu Käl opgewuess ass, ass Member vum DKollektiv, deen um Site NeiSchmelz zu Diddeleng aktiv ass. Hien ass e richtege Minettsdapp an de Minett ass och eng Inspiratioun fir seng kënschtlerech Aarbecht. Säin Interessi un der Exploratioun vu verloossenen an industrielle Raimlechkeeten huet him de Wee zu enger Carrière als Kënschtler opgemaach, obwuel hien, deen aus enger Famill vu Mineure kënnt, net onbedéngt fir esou e Wee predestinéiert war. De Serge Ecker ass bekannt fir seng Skulpturen aus recycléiertem Material a säin Engagement fir ökologesch verantwortlech Konscht. An dës Approche passt och säin Engagement beim DKollektiv, dee sech fir de Partage vu Wëssen an d’Valorisatioun vum industrielle Patrimoine asetzt. Duerch verschidden Initiative probéiert de Serge urban Raim nei ze iwwerdenken a mat ökologeschen a sozialen Themen ëmzegoen. Den DKollektiv probéiert, och duerch de Serge Ecker a déi aner Kënschtler, déi Member sinn, d'Plaz vun der Konscht an der zäitgenëssescher Stad z‘iwwerdenken an esou e kulturellen Dialog ronderëm d'Reaffektatioun vun industrielle Frichen ze féieren. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
45:08

Episod 29: Joël Miltgen X Minièresbunn Doihl

Kontaktéiert eis Vu Schinnen, Minnen, Päerd an Zich Mam Steampunk-Festival „Anno 1900“ geet um leschte Septemberweekend d’Saison am Fond-de-Gras traditionnell op en Enn. Dat war fir eis Grond genuch no engem Besuch bei der Directrice vum Minett Park am Januar elo am September nach emol an dësen zeréck ze goen. Fir eisen zweete Besuch hate mer Rendez-vous mam President vun der Asbl „Minièresbunn Doihl“, déi an de Summerméint mat hiren ale Minièreszich aus dem Fond-de-Gras op Lasauvage fiert an och op der Zowaasch nach zwou weider Linne bedreift, déi op ale Strecken, op deene fréier d’Minett transportéiert gouf, fueren. Eis Minett-Location vum Mount: Minièresbunn Doihl D’Minière Doihl, déi vu Rodange op Lasauvage gaangen ass, an 1930 nom Zesummeschloss vun der Rodanger an der Zowaascher Minn entstanen ass, ass d’Doheem vun der Asbl, déi 1990 gegrënnt ginn ass. Am Haapttunnel tëscht dem Rodanger Doihl an dem Carreau Minier vu Lasauvage zirkuléieren, an de Méint Mee bis September, op 1,4 Kilometer Längt Minièreszich, déi ee bequeem aus dem Fond-de-Gras kann huelen an déi een dann an dat klengt Mineursduerf un der franséischer Grenz bréngen. Eisen Invité vum Mount: Joël Miltgen Fir eis méi iwwert d’Asbl vun der Minièresbunn z’erzielen, hu mer Rendez-vous mam President vun der Minièresbunn Joel Miltgen. Hien huet eis fir d’Gespréich mat seng „Minn“ geholl, wou mer méi iwwert de fréiere Päerdsstall, deen haut en Openthaltsraum ass, an iwwert d’Aarbechtskonditiounen an der Galerie gewuer goufen. Mam Joël Miltgen, deen sech a senger Fräizäit ëm al Zich këmmert an haaptberufflech als Formateur bei der CFL schafft, hu mer awer och ëm d’Erausfuerderunge vun enger Asbl geschwat, déi historesche Patrimoine fir d’Nowelt erhëlt. Weider Sujete waren d’Zukunftsprojete vun der Minièresbunn an de Bilan vun der Saison 2024, deen ee virum grousse Steampunk-Ofschlossweekend schonn deelweis kann zéien. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
46:52

Episod 28: Raoul Petit X Musée Ferrum

Kontaktéiert eis Um Schluss vum Vëlosummer 2024, bei deem jo och nees Circuiten iwwert den Territoire vun der Minett Biosphere gaange sinn, consacréiere mir den neien Episod vun eisem Podcast dem Cyclissem an der Expo „Vélocité – La Vallée des champion.nne. s“. Duerfir maache mer Statioun am Musée Ferrum, dee jo en Deel vun der Téitenger Schungfabrik ass an ënnerhalen eis, am Kader vun enger Ausstellung ronderëm de Vëlo, mat eisem Invité iwwert de Vëlo als deeglecht Transportmëttel. Laang Jore war den Drotiesel am Minett ganz beléift, fir vun A op B ze kommen, an de leschte Joerzéngten huet de Vëlo allerdéngs am deegleche Gebrauch un Attraktivitéit verluer. Firwat ass de Vëlo manner attraktiv gouf? Wat ee maache kann, fir him nees méi Plaz am deegleche Verkéiersfloss zu Lëtzebuerg ze ginn? Dat si Froen, déi mir eisem Gaascht vun dësem Mount, dem Raoul Petit gestallt hunn. Eise Gaascht: Raoul Petit De Raoul Petit, deem aus dem Käldall kënnt an elo zu Diddeleng doheem ass, ass President vun der Associatioun Vëlo Diddeleng. Hei setzt hie sech zënter fënnef Joer schonn duerfir an, datt d’Vëlosinfrastruktur an der Gemeng verbessert gëtt.  De Familljepapp schwätzt awer net just iwwert de Vëlo als Transportmëttel, mä notzt en dagdeeglech. Nodeems d’Famill Petit ee vun hiren zwee Autoe géint e Cargobike getosch huet, fiert den Enseignant net just all Dag d’Kanner selwer mam Vëlo an d’Schoul, mä duerno och nach op d’Schaff op Beetebuerg. Seng Erfarungen, fir mam Vëlo op d’Schaff ze fueren, si Sujet am aktuellen Episod vum Minett Mash-Up. Vëlo Diddeleng an hir Efforte fir d’Vëlosinfrastruktur zu Diddeleng ze verbessere sinn e weidere Sujet dëse Mount an da schwätze mir natierlech och iwwert d’Ausstellung „Vélocité – La vallée des champion.nne.s“, déi nach bis Enn September am Musée Ferrum zu Téiteng ze gesinn ass. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
47:50

Episod 27: Raffaella Campobasso X Musée des Mines

Kontaktéiert eis Op engem waarme Summerdag ass de Musée des Mines zu Rëmeleng déi richteg Plaz fir sech natierlech z’erfrëschen. Konstant 11 Grad ware fréier och den deegleche Begleeder vun de Mineuren, déi an der Minn Walert de Minett aus dem Buedem geholl hunn. Genee dee Setting hu mer eis fir de Juli Episod vum Minett Mash-Up erausgesicht. 70 Meter ënnert dem Buedem hate mer Rendez-vous mat eiser Gespréichspartnerin vun dësem Mount, der Chargée de direction vum Musée des Mines: Raffaella Campobasso. Eise Gaascht: Raffaella Campobasso D‘Raffaella steet eis dës Kéier Ried an Äntwert. No hirem Studium vun der Konschtgeschicht ass si vun Italien op Lëtzebuerg komm an huet hir Aufgab am Domaine vun der Industriekultur an der industrieller Geschicht fonnt. Zënter 2019 steet si un der Spëtzt vum Minnemusée, deen 1973 seng Dieren opgemaach huet.  Mam Raffaella Campobasso schwätze mer iwwert de Minnemusée, déi deeglech Gestioun, d’Erausfuerderunge vun der Digitaliséierung an den Alldag vun de Mineuren, déi an der Minière Walert geschafft hunn. E weidere Sujet ass déi touristesch Bedeitung vum Musée, deen zu engem vun de wichtegsten Attraktioune vum Süde gehéiert. Eis Minett-Location vum Mount: Musée National des Mines de Fer An der fréierer Minière „Walert“ zu Rëmeleng fënnt een haut de Musée des Mines. Nodeems dës Minière 1963 zougemaach gouf, huet et 10 Joer gedauert, éier aus der Minn e Musée gouf. Am Musée gëtt d’Entwécklung vum Biergbau zu Lëtzebuerg vun der Mëtt vum 19. Joerhonnert bis an déi zweet Hallschent vun dem 20. Joerhonnert gewisen. Artefakten, Maschinnen an Archivdokumenter ginn dem Visiteur, op enger ronn 2 Stonne laanger Visite guidée en Abléck an d’Aarbecht vun de Mineuren. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
50:50

Episod 26: Carole Lorang X Ariston

Kontaktéiert eis No eiser Visitt vum U4 zu Uckange si mer fir eisem Episod vum Juni nees am Minett a maache Statioun zu Esch. Fir genee ze sinn, hu mer dës Kéier am Quartier Brill Plaz geholl fir eis op en Neits mat engem interessante Gaascht z’ënnerhalen. Am Fokus vun dësem Episod mat der Direktesch vum Escher Theater, dem Carole Lorang, stinn den Theater, d’Erausfuerderungen all Joers e Programm opzestellen, deen déi villfälteg Populatioun vum Minett an der franséischer Grenzregioun unzitt an d’Reprise vum Stéck „Leurs enfants après eux“. Dëst Wierk, dat d’Carole Lorang am Kader vun Esch2022 realiséiert hat, gëtt haut a muer nach eng Kéier opgefouert. Domat schléisst den Escher Theater dann och seng aktuell Saison of. Eis „Minett-Location“ vum Mount: Den Ariston zu Esch An de fréien 1960er Joren ass de Ciné Ariston am Quartier Brill opgaangen. E läit an direkter Noperschaft vun der Schoul an der Eglise Sacré-Coeur, déi als Art Déco Gebailechkeet ënner Denkmalschutz steet. Tëscht 1962 an 1986, an dunn nach eng Kéier vun 1991 bis 2016 ass den Ariston als Kino benotzt ginn. No senger definitiver Fermeture als Kino an nodeems och d’Gebai vum Ariston als nationaalt Monument klasséiert gouf, huet d’Stad Esch den Ariston kaf. Tëscht 2020 an 2022 ass d’Gebai renovéiert an de Kinossall an en Theatersall ëmgebaut ginn. Den Ariston ass haut en Deel vum Escher Theater, wou dëse seng Kannerprogrammatioun an eegen Inzenéierungen opféiert. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
48:45

Episod 25: Jean Larché X Parc du Haut Fourneau U4 à Uckange

Kontaktéiert eis No Ausflich an d’Saarland an och an d’Gaume si mer dëse Mount an der Lorraine. Den Haaptgrond ass d‘Reprise vum Theaterstéck „Leurs enfants après eux“, den nächste Mount am Escher Theater, en Theaterstéck, wat um Roman mam selwechten Numm vum franséischen Auteur Nicolas Mathieu baséiert. Et ass eng éischte Kéier am Kader vun Esch2022 opgefouert ginn a spillt am Norde vun der Lorraine zum Zäitpunkt vun de Fermeturen vun de Stolwierker an de fréien 1990er. Uckange, um Enn vun der „Vallée de la Fensch“ an direkt un der Musel geleeën, tëscht Diddenuewen a Metz, war laang Joren ee vun de Standuerter vun der loutrengescher Eiseproduktioun. 1991 ass d’Schmelz zu Uckange, no laangen ekonomesche Schwieregkeeten awer zougemaach ginn. Quasi direkt duerno ass ugefaange ginn déi al Schmelz ofzerappen. Eng ganz Rei Gebaier sinn esou Affer vum Bagger ginn, éier sech d‘Associatioun „Mécilor“ gegrënnt huet, déi sech aktiv fir den Erhalt vum Site agesat huet an d’Demolitiounsaarbechte stoppe konnt. Mam Héichuewe 4, dem U4, konnt esou ee vun den am ganze sechs Héichiewe vun der Schmelz gerett ginn. Eise Gaascht: Jean Larché De Jean Larché ass e pensionéierte Schmelzaarbechter, dee wuel ni zu Uckange selwer, duerfir awer e Beruffsliewe laang an der Schmelz vun Hayange geschafft huet. Vum Léierbouf bis zum Kader huet hien do eng komplett Carrière gemaach, déi vun Héichten an Déifte gezeechent war, op déi hien awer, zesumme mat eis, houfreg zeréckgekuckt huet. No sengem Aarbechtsliewen huet hien ugefaange sech fir d’Industriekultur staark ze maachen an haut ass hien de President vu Mécilor, déi sech ëm den Erhalt vum industriellen Ierwen am Norde vun der Lorraine këmmeren, Dokumenter vun an aus de Schmelze sammelen an digitaliséieren a mat hire Benevolle reegelméisseg Visiteuren iwwert de Site vum U4 zu Uckange féieren. Nieft dem Jean Larché hu mer eis an dësem Episod awer och nach kuerz mam Juliette Gehin iwwert de „Jardin de Transformation“ ënnerhalen. Hei gëtt, an engem Projet vun der Université de Lorraine, ënnersicht mat wéi enge Planzen de verknaschte Buedem vun enger Schmelz op eng natierlech Manéier sanéiert ka ginn. D’Juliette Gehin konnt eis e klengen Abléck an dësen – eventuell och fir de Minett – interessante wëssenschaftleche Pilotprojet ginn. All d'Linke zu de Sujeten aus dësem Episod fannt Dir hei. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
46:33

Episod 24: Philippe Ernzer X 1535° Creative Hub

Wéi aus enger Leidenschaft e Beruff ginn ass Och wa mer am Minett Mash-Up thematesch dëst Joer virun allem a punkto Industriekultur ënnerwee sinn, esou spillt déi am aktuellen Episod éischter méi eng kleng Roll. No zwou Episoden an Däitschland an der Belsch si mer dës Kéier awer nees zeréck am Minett, wou mer Statioun zu Déifferdeng maachen. Zënter kuerzem huet den éischte private Wiederdéngscht aus dem Land seng Zentral am 1535°, dem Creative Hub vun der Stad Déifferdeng. Eis „Minett-Location“ vum Mount : 1535° - Creative Hub De 1535° ass haut eng Kreativfabrik an där jonk Kënschtler a jonk Entreprisen ënnerkomme kënnen, déi fir de Start an hir professionnel Carrière Raimlechkeete brauchen. Nieft de konventionelle Büroe sinn hei awer Proufsäll fir Bands an en Tounstudio, esou wéi eng Hal an där ee Videoproduktioune realiséiere kann ze fannen. Eise Gaascht: Philippe Ernzer De Philippe Ernzer, Joergang 1998, ass de Grënner vum private Lëtzebuergesche Wiederdéngscht „Météo Boulaide“. Schonn als Kand wousst de Philippe sech fir d’Wieder an d’Meteorologie ze begeeschteren an no sengem schoulesche Parcours konzentréiert hie sech voll a ganz op den Opbau vu senger eegener Societéit a sengem eegene Wiederdéngscht. Wat als Hobby ugefaangen huet, huet de Philippe am Laf vun de Joren zu enger bekannter Perséinlechkeet an de sozialen Netzwierker an duerno och an de Lëtzebuerger Medie gemaach. Haut presentéiert hien eng reegelméisseg Chronik um Radio 100,7 a liwwert der Dageszeitung Tageblatt deeglech Wiederprevisiounen. Wéi de Philippe aus sengem Hobby säi Beruff gemaach huet ass ee Sujet vum Minett Mash-Up vun dësem Mount. Wéi eng Schwieregkeeten et dobäi gouf, wéi eng Ziler de jonken Entrepreneur fir d’Zukunft huet a wéi eng Wollek de Philippe gäre wier, wann hien eng Wollek kéint sinn, da sinn aner Sujeten am aktuellen Episod. Méi Infos hei! De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
55:12

Episod 23: Rudolf Noben X 4MH

Vu Sammler, Schmuggler a Stongen Thematesche Schwéierpunkt an dësem Joer ass d’Industriekultur an duerfir reese mir net just duerch de Minett, mä och duerch déi no Grenzregioun. Dëse Mount si mir an d’Belsch gefuer a mam éischte Minett Mash-Up Episod op Franséisch feiere mer an dësem Mount eng wieder Première. Ee klengen Hiwwel, direkt un der franséischer Grenz, hannert Mont St. Martin a Gorcy, gehéiert nämlech zum grousse Minettsbaseng an deem virun iwwer 150 Milliounen Eisenäerz ofgelagert gouf an dee sech jo an de Süde vu Lëtzebuerg erstreckt a vun deem eist Land no 1870 profitéiert hat fir sech z’industrialiséieren. Dat ass awer och am Süde vun der Province de Luxembourg geschitt. An der Gemeng Musson gouf et, bis an d‘1970er Joren, zwou Minnen an deene Minett ofgebaut ginn ass. Un dësen Deel vun der belscher Industriegesicht erënnert haut e Musée, deen am Abrëll 2023 seng Diren opgemaach huet. Eis Minett-Location vum Mount : Musée Minier et Métallurgique de Musson/Halazany Dëse Musée, mat enger Surface vu ronn 1000 Quadratmeter presentéiert eng grouss Sammlung vu Géigestänn, déi fréier vun de Mineuren an de ronn 60 Kilometer Galerien un der belsch-franséischer Grenz benotzt goufen. D’Kollektioun vum Musée ass komplett a bitt dem Visiteur en detailléierten Abléck an d’Liewe vun de Mineuren. Eise Gaascht: Rudolf Noben De Rudolf Noben ass de Präsident vun der Asbl hannert dem 4MH. Et war, wéi hien eis am Gespréich verréit, d'Sammelleidenschaft vu sengem Papp a seng eegen, déi ugefaangen huet, wou hie selwer nach e Bouf war, déi et erméiglecht hunn de Musée opzebauen. An dësem Episod vum Podcast geet et ëm de Rudolf, deen u sech Kach ass, seng Kandheet an direkter Noperschaft vun de Minnen un der belsch-franséischer Grenz an ëm d'Schwieregkeeten, déi eng Asbl wéi de Minnemusée vu Musson am deegleche Fonctionnement huet. Hei fannt Dir all d'Links bei d’Sujete vun dësem Episod. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
39:36

Episod 22: Peter Becker & Jörg Pütz X UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte

Sprooch vun der Episod: Däitsch / Deutschsprachige Episode Dëst Joer steet fir eis ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser Regioun. D’Minett, als Eisenäerz, war awer net just am Süde vu Lëtzebuerg ze fannen, mä verbënnt eis Géigend bis haut mat e puer Dierfer an der Belsch, mat der Lorraine an och mam Saarland. Op der Sich no der Äntwert op d’Fro, wat d’Saarland da mat der Minett um Hutt huet, ass den aktuellen Episod vum Minett Mash-Up zu Völklingen opgeholl ginn. Eis „Minett-Location“ vum Mount: UNESCO Weltkulturerbe Völklinger Hütte 1986 huet d’Schmelz zu Völklingen, no iwwer 100 Joer Betrib, d’Héichiewen ausgeblosen. De Betrib, mat senge 6 éischter klengen Héichiewen, war einfach net méi rentabel. Vun Ufank u sollt dëse Site awer als Denkmal fir déi industriell Entwécklung vum Saarland erhale ginn. Nëmmen 8 Joer huet et gedauert fir och d’UNESCO vun der Iddi z’iwwerzeegen dës Schmelz, déi bis haut komplett, also mat all hire Bestanddeeler, erhalen ass, op d’Lëscht vum Weltkulturierwen ze setzen. D’Völklinger Hütte war virun 30 Joer déi éischt Industrieanlag, déi vun der UNESCO ënner Schutz gestallt gouf. Zënter hir ass vill zu Völklingen geschitt an déi fréier Schmelz ass zu enger renomméierter Plaz fir grouss Ausstellunge ginn, mä och d’Schmelz selwer, mat hiren diverse Produktiounsschrëtt ass fir de Public zougänglech an der Wäert eng Kéier besicht ze ginn.  Eis Gäscht: Peter Becker & Jörg Pütz De Peter Becker begleet de Site vun der Völklinger Hütte zënter 1986, wou hien nach am Kulturministère vum Saarland geschafft huet. Relativ séier ass hien an d’Bedreiwergesellschaft vum Weltkulturerbe gewiesselt, wou hie fir de Besuchermanagement zoustänneg war. Zënter 2019 ass de Peter Becker an der Pensioun. Hien ass awer nach ëmmer Guide op der Völklinger Hütte an engagéierte Member am Netzwierk ERIH 'European Route of Industrial Heritage', iwwert dat an dësem Episod vum Podcast och riets geet. De Jörg Pütz ass e gebiertege Völklinger a mat senger „Schmelz“ opgewuess. Zënter iwwer 30 Joer ass hien als Fotograf ënnerwee. De Jörg verzielt an dësem Episod vum Podcast iwwert seng Kandheet a Jugend mat der Schmelz, iwwert säi Beruff als Fotograf a verréit eis seng Connectioun zum Bauhaus. Nach méi Informatiounen a méi Links sinn hei disponibel.  De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
54:04

Episod 21: Robyn Wehles X Minett Park Fond-de-Gras

Lieweg Industriegeschicht matten an der Natur D’Joer 2024 wäert bei eisem Podcast ganz am Zeeche vun der Industriekultur an dem industriellen Ierwe vun eiser (Grouss-)Regioun stoen. Mir ginn op d’Sich no Sitten a Gebaier, déi direkt mat der Eisenäerz- a Stolindustrie zesummenhänken, probéiere Gäscht ze fannen, déi aktiv an dëser Industrie geschafft hunn oder sech mat Häerz a Séil an hirem Alldag fir den Erhalt vun deem Patrimoine asetzen, dee charakteristesch fir eis Regioun ass. Dir sidd natierlech och an dësem Joer nees op dat häerzlechst invitéiert eis Rees duerch de Süde vu Lëtzebuerg ze begleeden. Op déi Manéier kënnt Dir eventuell nei Plazen entdecken oder Detailer iwwert dës Plaze gewuer ginn, déi Dir esou nach net kannt hutt. Mam Choix vun eise Gäscht hoffe mir Iech, doriwwer eraus, och e puer eenzegaarteg Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Süden an der Grenzregioun méi no ze bréngen, déi sech all op hir Manéier fir d’Industriekultur, mä och fir d’Zesummeliewen an den Erhalt vun eisen aussergewéinleche Landschaften asetzen.  Eis Minett Location vum Mount: De Minett Park Fond-de-Gras Fir de Januar-Episod vum “Minett Mash-Up” huele mer Iech mat an e klengt Dall, wat net wäit vum Dräilännereck Lëtzebuerg-Frankräich-Belsch un der Grenz tëscht de Gemengen Déifferdeng a Péiteng läit. Et geet an de Fond-de-Gras. Bal honnert Joer laang war dës Plaz am Südweste vu Lëtzebuerg ee vun den Zentre vum Minett-Ofbau mat enger ganzer Rei verschiddene Societéiten, déi hei Konzessiounen haten an d’Eisenäerz aus dem Bierg geholl hunn. 1955 mécht déi lescht Galerie am Fond-de-Gras zou. Haut ass de Fond-de-Gras, zesumme mam Dierfche Lasauvage, de Minett Park, en Open-Air-Musée an deem méi ewéi d’Erënnerung un eis Mineuren a Galerien um Liewe gehale gëtt. Mam Train1900 an der Minièresbunn Doihl sinn direkt zwee Eisebunnsveräiner am Dall doheem, déi historescht Material restauréieren an engem breede Publikum zougänglech maachen. Donieft gehéieren awer och den Tëtelbierg, eng vun de wichtegste keltesche Stied a pre-réimescher Zäit an de Giele Botter, e fréiert Dagebaugebitt, wat haut zu de Kärzone vun der Minett UNESCO Biosphere gehéiert zum Minett Park. Eise Gaascht: Robyn Wehles Zënter engem gudde Joer ass d‘Robyn Wehles, wat 2014 am Kader vu sengem Studium en éischte Stage am Fond-de-Gras gemaach hat an zënter 2016 zur Ekipp vum Minett Park gehéiert huet, elo Directrice vun dëser aussergewéinlecher Plaz. Mam Robyn beliichte mer, an der Wanterpaus vum Minett Park, dee seng Aktivitéite fir de Public vum 1. Mee bis Enn September organiséiert, d’Vergaangenheet, d’Géigewaart an d’Zukunft vum Minett Park. Mir gi gewuer firwat d’Robyn am déiwe Minett gelant ass. Mir kréien éischt Detailer an de Programm vun der Saison 2024 an dir gitt gewuer, wéi d’Robyn et fäerdeg bréngt seng Aarbecht a säi Privatliewe mateneen ze kombinéieren. De Minett Mash-Up ass eng gemeinsam Initiativ vun der Minett UNESCO Biosphere, dem IK-CNCI (Centre National de la Culture Industrielle) an dem MUAR (Musée vun der Aarbecht). Déi komplett Shownotes vun dësem Episod, mat all de Links an Informatiounen, esou wéi all déi aner Minett Mash-Up Podcasts fannt dir op: https://bit.ly/mmu_season2 Followed eis op Instagram
Hobbies and gastronomy 1 year
0
0
0
40:29
You may also like View more
EL MORRAL DEL CAZADOR PROGRAMA DE CAZA Y NATURALEZA, PROGRAMA CINEGÉTICO SEMANAL EN EL QUE HACEMOS RESUMEN DE NOTICIAS DE LA SEMANA Y ENTREVISTAS DE ACTUALIDAD CON TERTULIANOS DE PRIMER NIVEL Y SECCIONES FIJAS DE ARMAS, NARRATIVA CINEGÉTICA Y JURÍDICA. CAZA, GESTIÓN Y CONSERVACIÓN. Updated
VINO PARA CAMALEONES EL MUNDO DEL VINO BAJO EN TONTERÍAS. Suscríbete a este podcast para conocer el otro lado de la enología. Veremos el punto de vista más divertido, y más punky del mundo del vino, pero con la mejor información, las historias más increíbles, y todo lo necesario para que conozcas los secretos del vino. Una idea original de FERRAN PACHECO. Updated
Moto1Pro y EnduroPro Podcast En Moto1Pro y EnduroPro vivimos por y para la moto. Nos da igual rodar por asfalto o enfrentarnos a las peores trialeras. Disfrutamos con las novedades, con las últimas tecnologías y también con las aventuras que nos llevan lejos de casa. Te lo contamos todo aquí, en nuestras webs y en nuestras revistas digitales. Updated
Go to Hobbies and gastronomy